20-21.11.2021 Nouspelter Wäindegustatioun 

Auslousung Big Shot vum 17.11.2018

Dëst Joër ass et em e Betrag vun 1 131,00 EUR gaangen, e Betrag deen vum Syndicat op        1 200,00 EUR opgeronnt gouf.

Um Owend vum 17.11. um Quiz Owend zu Nouspelt ass de Pfeil dëst Joër am Feld K6 stieche bliewwen. Den Zoufallsgenerator haat dësem Feld virum Schoss d'Nummer 173 zougeloust. Mier gratuléieren also eisen 4 Gewënner déi op d'Nummer 173 gesaat haaten zu jeweils € 300,00.
D'Gewënner ginn an deenen nächsten Deeg vun eis kontaktéiert a kréien hir Suën dann iwwerwisen.
E grousse Merci un iech alleguerten virt Matmaachen !!!

TELEVIE 2018 - CENTRE DE PROMESSES KIELEN 21.04.2018


E grousse Merci un den Elterecomité vun der Schoul Kielen vir déi flott Zesummenaarbecht um Télévie. Eise Péckvillerchersstand/Atelier an d'Gin-Bar hun eis et erlaabt en impressionnante Schéck iwwert € 4 800,00 un den Télévie ze iwwerreechen.

E grousse Merci un all déi Leit déi deen Daag gehollef hunn !!!

Hei nach e puer Impressioune vum Daag selwer...


ATELIER TELEVIE 2018

 

Mier soën all deene Leit, déi eis eng Hand ugepackt hunn, vir d'Péckvillercher hierzestellen, e ganz grousse MERCI !!!!

Dier hutt dozou bäigedroën dass den Télévie 2018 e groussen Erfollëg gouf.

 

Hei e puer Impressiounen...


Auslousung Big Shot vum 18.11.2017

Dëst Joër ass et em e Betrag vun 1 338,00 EUR gaangen, e Betrag deen vum Syndicat op        1 400,00 EUR opgeronnt gouf.

Um Owend vum 18.11. um Quiz Owend zu Nouspelt ass de Pfeil dëst Joër am Feld M8 stieche bliewwen. Den Zoufallsgenerator haat dësem Feld virum Schoss d'Nummer 105 zougeloust. Mier gratuléieren also eisen 2 Gewënner déi op d'Nummer 105 gesaat haaten zu jeweils € 700,00.
D'Gewënner ginn an deenen nächsten Deeg vun eis kontaktéiert a kréien hir Suën dann iwwerwisen.
E grousse Merci un iech alleguerten virt Matmaachen !!!

3. Nouspelter Quiz Owend den 18.11.2017

 

Mier si SOLD OUT !

E grousse Merci un all déi Equipen déi derbäi sinn, awer och un déi, déi leider keng Platz méi kruuten.

 



Eis Lotterie "Big Shot" ass nees ugelaf.

E grousse Merci un eise Sponsor den "Demy Schandeler".


Happy birthday !!!

 

De Syndicat feiert 2017 säin 50-järegen Anniversaire.

 

 

 


Péckvillchen 2017 fir déi 190. Éimaischen um Fëschmaart

 

 

De Péckvillchen vum Comité Alstad ass jo schons Traditioun. Och fir d'Joer 2017 huet hiere Member de Serge Di Paoli nees e ganz flotte Péckvillchen entworf.

 

Réaliséiert gouf de Péckvillchen vun dësem Joer vun 2 Nouspelter Aulebäcker, dem Laurent Kandel an dem Pauline Godfroid.