Nospelter Quiz Owend 2016

Update

17.08. Wow...an déi läschte Platz ass besat.

26 Equippen sinn dëst Joër um Start, 2 méi wéi dat läschte Joër. De Sall ass also nees komplett voll, an mier freeën eis iech all den 19.11. ab 18h30 begréissen ze kënnen.

All weider Umeldung kënnt op eng Waardelëscht.

03.08. 25 vun 26 Equippen hu sech ugemellt. Deemno ass nach just 1 !!! Platz fräi.

13.07. Et geet zum Schluss...24 vun 26 Equippe sinn ugemellt. ..nach 2 Platze si fräi...macht iech bei !!!

E ganz grousse Merci un all déi Equippen déi sech bis elo ugemellt hunn.

05.07. Weinst der grousser Nofro, hu mer Starterfeld vun 24 op 26 Equippen dëst Joër erweitert !

01.07. Déi éischten Equippen hu sech ugemellt...avis aux amateurs ... first come, first served ;)

Hei kennt der iech umellen

Reglement

Kommentar schreiben

Kommentare: 0