Eis Aktivitéiten


Den SIN setzt sech säit  48 Joer derfir an eist Duerf ze verschéineren a nach méi liewenswäert ze maachen.

 

Op de Konto vum SIN ginn eng ganz Rei Saachen :

- Esou eis véier Spadséierweeër: zwéin Autopedestre, ee méi kuerze Spadséierwee och fir Kannerkutschen a fir manner sportlech Leit (Familljepad),  an en Duerfléierpad.

- Säit kuerzem ass ënnert dem SIN senger Initiativ um Bécker e Natur-Weier ugeluecht ginn. Informatiounsschéilter ginn do Opklärung iwwer de Läem an déi Aktivitéiten déi sech an der Vergaangenheet zu Nouspelt doraus erginn hunn. Den Autopedestre n°1 an de Familljepad féieren do laanscht.

Op der Duerfplaz, d'Monument vum Aulebäcker an d'Klack, béides mat Beliichtung, déi puer grouss Péckvillercher an d'Beliichtung vun de Kierchefëinsteren, an nach villes méi.

 

Den Aulebäcker Musée ass vum SIN virun 42 Joeren an d'Liewe geruff ginn, a gëtt haut nach ëmmer vum SIN gefouert an animéiert.

 

Mär organiséieren och Foto's a Film Owenter, ënner anerem iwwer Nouspelt an Nouspelter Leit. Regelméisseg si kulturell Visite mam Bus, esou op de Wëltzer Festival, an d'Revue an d'Stad, an nach aner um Programm.

 

Säit  e puer Joer organiséiere mär e Kurs fir d’Aulebäcker Handwierk un nei Intresséierter aus dem Duerf weider ze ginn. D’Zuel vun de “Schüler”  huet eis Erwaardungen wäit iwwertraff.

Wa mir an der Vergaangenheet och en etlech Duerffester organiséiert hunn, esou am Ufank d'Buergbrennen (11 mol), den Handwierkerdag (30 mol), den Antiquitéitsmaart (32 mol), de Péckvillercherslaf (10 mol), sou hu mir äis Aktivitéiten duerno méi op d'Organiséieren vun Trëppeltouren ëmt Duerf an och an d'ganz Land verluecht. 

Trotzdem wäerte mer am November 2015 mat enger Neiegkeet opwaarden, dem 1. Nouspelter Quiz Owend.

 

Mär haten e puer Joer hannereneen Ausflich mam Bus/Zuch organiséiert: zweemol an d‘Éisléck , op d’Musel, an d‘Minette iwwert de “Giele Botter” (eng fréier Dagesminière déi haut als Naturgebiet klasséiert ass), op Esch/Uelzecht mam Gaalgebierg, an d’läscht Joer op deen neie Site Belval. Dëst Joer hu mär ee  Besuch vum Martelénger Schiefergrouwe Musée geplangt. Informatiounen dozou stinn an der Septemberausgab vum Buet respektiv hei op eisem Site.

 

Member gin