D'Editioun 2018 vun eiser Lotterie "Big shot" (ab dem 17/08/2018 disponibel)

 

 

Beim "Big Shot" handelt ech sech em eng Lotterie wou jiddereen dee matmécht pro Ticket bis zu 4 Nummeren tëschent 1 an 324 wiele kann. All Nummer kascht € 2,50.

D'Gewënnernummer gëtt bestëmmt den 17.11.2018, um Enn vum Nouspelter Quiz Owend.

Dofir gëtt deen Owend eng Persoun ausgewielt, déi matt engem Dartspfeil op e Panneau mat deenen 324 Nummeren wärt schéissen. D'Nummere sinn willkürlech op dësem Panneau verdeelt, an net ze erkennen.

 

Dat Feld, dat vum Dartspfeil getraff gëtt, bestëmmt d'Gewënnernummer.

Des Nummer kritt 40 % vun den totalen Einnamen ausbezuelt (sollt dës Nummer méi oft gewielt gi sinn, da gëtt dës Zomme duerch all d'Gewënner gedeelt).

 

Hei fann dier d'Reglement vum Big Shot.

 

De Rechtswee ass ausgeschloss.